Dësen Auto ass déi zweet Generatioun vu Waasserstoffautoen bei Toyota an heescht Mirai 2. Mirai bedeit Zukunft. En Kascht 70.000€ (mat Optiounen), huet 200 PS an eng Autonomie vu reellen 500 bis 600 km. Den Tankvirgang dauert 4 Minutten.
Dësen Auto hunn ech mir 2021 kaaft, wëll ech beweise well, dass net nëmmen Elektroautoe mat Batterie funktionéieren, mee och Elektroautoe mat enger Brennstoffzell. Meng Devise: net alles op eng Technologie setzen, mee de Choix ze hunn.
All Technologie huet Vir- a Nodeeler. Et gi Profiller wou e Batterieauto net optimal ass, obschonns seng Effizienz net ze schloen ass. Mee et gi Variante wéi z.Bsp Waasserstoff oder e-Fuel.
Dësen Auto gebrauchen ech haaptsächlech bis elo fir Demozwecker. Bis Mäerz 2024 sinn ech all Mount op Saarbrécken tanke gaangen, wat natierlech fir den Alldag extrem opwändeg war.
Awer ab Summer 2024 funktionéiert och d'Waasserstofftankstell zu Beetebuerg, a da gëtt dëse Mirai 2 mäin Haaptauto.
Ech maache Presentatiounen an Demoen a Schoulen an Associatiounen.