E Projet, deen ech zesumme mat menger Fra virun 2 Joer initiéiert hunn. Beim renovéiere vun onsem Haus soll och den Daach nei gemaach gi mat enger Photovoltaikanlag. Well awer onsen Daach net optimal ass wéinst de villen Verwéncklungen huet ons d’Solutioun vun engem Photovoltaikdaach, also d’Photovoltaik direkt am Daach integréiert, am Beschten gefall.
Den Daach huet 172 m2 an theoretesch läit d'Leeschtung vun dëser Photovoltaikanlag bei 26kWPeak.