Iwwert mech

Motorradfuerer, Informatiker a Politiker

1970 - 1994

Ufank

Ech si den 09.06.1970 gebuer. Ech si zu Bieles opgewuess a mat 19 Joer op den IST (Institut supérieur de technologie) op de Kierchbierg studéiere gaangen (haut uni.lu). Do hunn ech de Bachelor an der Informatik gemaach. Dësen Diplom ass spéider duerch e Memoire op den Ingénieur Industriel opgewäert ginn.

1978 - 2006

Sport

No enger kuerzer Carrière als Fussballer beim FC The Belval Bieles sinn ech mat 14 Joer an de CABieles gaangen, a sinn hei wärend 22 Joer vill Coursë gelaf. Besonnesch 400 an 800 Meter hu mer vill Spaass gemaach. No verschidde Coursen op 10 km sinn ech 2006 den éischten an eenzege Marathon gelaf: den ING Marathon an enger Zäit vun 3St38'. Dono hunn ech meng Lafschung un den Nol gehaangen.

1995 - 2000

Aarbecht

No der Héichschoul hunn ech 1 Joer am Centre de Recherche Henri Tudor geschafft, dat bei enger Multimedia-Firma. No dem Gemengenexamen sinn ech 1995 op d'Gemeng Lëtzebuerg schaffe gaangen, dat an den Informatikservice, deen haut TIC (Service Technologies de l'information et de la communication) heescht.

1998 - Haut

Gemeng Lëtzebuerg

Am Joer 2001 sinn ech an de Bierger-Center gewiesselt, fir dëse mat opzebauen. No 8 Joer Bierger-Center sinn ech an den e-City gewiesselt, ee Service fir nei Technologien. Dësen ass spéider an den TIC integréiert ginn. Zënter 15 Joer sinn ech awer och Delegéierte vun de Beamten an Employéë vun der Stad Lëtzebuerg, wou ech zënter 3 Joer President sinn. Vun Februar 2024 u sinn ech zu 100% fräigestallt als President vun der Delegatioun.

2000 - Haut

MotoVdL

Ech si Member am MotoVdL ginn, de Motorradsclub vum Personal vun der Gemeng Lëtzebuerg ginn. Ech si hei elo iwwer 10 Joer President a freeë mech all Joers verschidden Tier ze organiséieren an ze fueren. Et geet och all Joers mam Moto an d’Vakanz.

2013 - Haut

Politik

Meng politesch Carrière huet 2013 ugefaangen. Hei sinn ech Member an der CSV Kielen gi fir dann 2017 mat an d'Gemengewalen ze goen. Hei sinn ech direkt an de Gemengerot gewielt ginn an CSV huet de Buergermeeschter gestallt ënnert dem Félix Eischen. 2023 sinn ech am Gemengerot confirméiert ginn a sinn och dunn President vun der Sektioun Kielen ginn. Am Oktober 2023 sinn ech mat an Chamberswale matgaangen, wou ech déi 12. Plaz gemaach hu vun 23 Kandidaten. Ufank 2024 sinn ech zum President vum CSV Südbezierk gewielt ginn an ech sinn och houfreg mat der CSV mat an d'Europawale gaange ze sinn.

2023 - Haut

Musek

No laanger Paus an der Musek, wou ech nom Solfège Gei a Gittare gespillt hunn, hunn ech Ufank 2023 decidéiert Duddelsak ze spillen. Mäin éischten offiziellen Optrëtt war den 16. Juni 2024 um Grillfest zu Nouspelt 🙂 Dono sinn ech opgetrueden bei onser Partnergemeng um Bodensee an och op verschidde Fester an der Gemeng Kielen. Ech si och aktiven Member an der Luxembourg Pipe Band a waert och hei zesummen mat Duddelsakkollegen optrieden.