Wéi funktionéiert tanken

Laut H2 Mobility. eng däitsch Gesellschaft, déi praktesch all H2-Tankstellen an Däitschland an Éisträich betreit, ginn et an Europa 164 Tankstellen, déi a Betrib sinn, a weider 58 Tankstelle si geplangt oder bal färdeg::

      Land                 a Betrib         Geplangt

  • Däitschland:        87                    26 
  • Schwäiz:              16                       1
  • Polen:                   14                       0
  • Frankräich:          11                       3
  • Eisterreich:            6                       0
  • …..
  • Lëtzebuerg:           0                       1

E Waasserstoffcamion oder Bus gëtt mat 350 Bar getankt. Well bei engem Auto manner Plaz ass, gi Waasserstoffautoe mat 750 Bar getankt. Och 350 Bar si beim Auto méiglech, ass dann awer nëmmen hallef voll.

Tankstell selwer baut en Drock vu 500 Bar op fir de Camion oder Bus, an 1000 Bar fir den Auto.

Tanke vun engem Waassetoffauto oder Camion oder Bus ass ganz einfach. nom bezuele mat Visa oder enger H2 Mobility Card  an dem auswiele vu 700 Bar oder 350 Bar stécht een den “Nozzle” oder Düs un de Waasserstoffkrunn drun a klickt een an. Dann de Start drécken a lass geet et. Zu all Moment kann een och den Tankvirgang stoppen, falls den Tank net ganz voll soll ginn. Nom Tanken einfach dës Düs nees anhänken, an no 4 Minutte fiert een nees mam vollen Tank(700 Bar) weider.

Leave A Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *