Wéi funktionéiert e Wasserstoffauto
E Waasserstoffauto ass och en Elektroauto. Aplaz de Stroum an de Batterië gespäichert gëtt, produzéiert eng Brennstoffzell de Stroum am Auto mat Hëllef vu Waasserstoff a Sauerstoff.
Niewent dem Stroum produzéiert des Brennstoffzell och Hëtzt a Waasser. D’Hëtzt gëtt fir d’Heizung benotz, also genee esou wei bei engem Verbrennungsmotor, an d’Waasser gëtt hannen zum “Auspuff” ausgescheet als Waasser oder Waasserdamp.
Am Mirai 2 ginn et 3 Waasserstofftanken mat insgesamt 5,7 kg Waasserstoff, dat bei 700 Bar.
De Waasserstoff ass dat klengsten Element am Universum, an 1 kg Waasserstoff bräicht onkompriméiert 11 Kubikmeter Raum!
Déi 3 Waasserstofftanken am Mirai 2 hunn e Volume vun insgesamt 143 Liter.
An all Waasserstoffauto mat Elektromoto gëtt eng kleng Batterie gebraucht vun ongeféier 1,2 kWh mat engem Gewiicht vu 45 kg. Dës Batterie ass noutwendeg fir Dynamik vum Auto ze optimiséieren. Eng Brennstoffzell ass relativ träg. Dësen “Delay” beim Gas gi gëtt vun dëser Batterie kompenséiert.